Femmen an Iwerwaachungsgesellschaft

Freie Mikro Alexandre Marius Dées de Sterio : 100,7 : Oktober 2006

 

Unofhängech vum Faktum, datt Fêmmen gesondhétschéidlech soll sinn, waat sécherlech kaum ze bezweiwelen ass, gëtt et an der Hystérie, déi géint t‘Fëmmerten gemaach gëtt, dach e puer Aspekter, déi ze denken ginn.

den ökonomeschen Aspekt : e Fëmmert bezillt fir sein Tubak sei Liewen laang vill Steieren an hêlleft esou dem Staat. An Daïtschland gét esouguer én Dél vun den Steieren – vun 2003 un -an de Kampf géint den Terrorismus : fëmmen géint den Terror. Sollen nët-Fëmmert-en sech dann elo als schlecht Staatsbiirger fillen?

é Fëmmert stirwt éischter : mé ass daat dann nët déi Léisung fir ons Altersversuergung ze entlaaschten ? Misst én de Fêmmerten nët merci soen, datt se déi zukünfteg Generatiounen nët méi belaaschten an manner Rent verzieren.

Ausserdém : Wéi huet schons de Stressôfbau vun de Leit gemôss, déi fëmen : si sinn manner agressiv, manner rechthaberesch an méi konziliant : schons d’Indianer hunn t’ Friddenspaïf gefëmmt ! Mé Spaass op der Saït :

De Problem vum neien Gesetz ass seng Ëmsetzung : wéi sollen all individuell gestalten Restaurants’en an Café’en op de Prozentsaats prézis daat eigentlech ëmsetzen ? Oder gëtt et geschwënn restaurant’s –en, déi als Privatgesellschaft oder Privat-Klub mussen fonktionnéieren nom Prinzip : « interdit aux non-fumeurs », esou wéi déi grouss Schwammbecken fir t’non-nageurs verbueden sinn ?

Wien soll daat dann alles iwerwaachen ? OnsenSpëtzeldengscht villeicht mat sengen 60 hâptberuflechen Damen an Hären? StellIt Iech emol vir, sie mussen vu Beruf aus Mëttes an ôwes Iessen goen an déi Béis Fëmmerten mellen. Wien këmmert sech ëm hir Gesondhét : 120 Caféen a Restaurants mussen den Dach kontrolléert ginn,an daat 30 oder 31 môl am Mount, 365 môl am Joer.

 

Vum Staat gefördert Obésitéit!

A wien passt entretemps op ons mini-Twin Towers umKierchbieg op, wann esou wasserpaïfffëmmend Terroristen déi architektonesch Réussiten wielten attackeieren?

An nach é Problem:Wien kontrolléert dann de Chefkontroller, de Chef vum Spëtzeldenscht, onser aller beléiwsten Premier an dêsem onsen Maryland ? Traut sech onsen neierdengs gesondhétsbewossten Barthelméis dann eigentlech wirklech, an de Bureau vu sengem Chef ze goen an dô saî Gesetz z’applizéieren?

 En aneren Aspekt, méi sérieux’en Aspect betrëfft sozialt Zesummenliewen: falsch Oppositiounen ginn an der Gesellschaft créeiert, dô wou et virdrunn tolerant arrangementer gouw.

Hu mir wirklech keng aaner Suergen zu Lëtzebuerg, wou de Bildungsniveau drastesch erofgét, wou mer en strukturellen Chômage – bedengt durch den katastrophalen Bildungsniveau – nët an de Grêff kréien.Wou all Lëtzbuerger nët op saîn stenkechen an ganz Erdatmospär verpeschtenden Auto wëllt verzichten an déi öffentlech Transportmëttelen nët wëllt huelen ? Wou t’ Opfangparkingen oft eidel sinn an déi a der Stad iwwerfëllt? Wou Drogen eng Réalitéit sinn an et êmmer méi Ofhängecher gëtt.

Nén, daat totalt Verbidden huet nach nie èppes bruecht : ech erënneren drunn, datt ett och schons emol Verbueder guew géint d’ Kaffidrenken !!! A waathuetdaat genotzt ?

An waat huet daat totalt Alkoholsvebot an de Verénechten Staaten vun Amerika an den 20er an 30er Jôren vum viréchten Jôrhonnert eropbruecht: t’Mafia , e Gesellschaftsproblem, dé mir nach haut nêt méi an de Grëff kréien.

An eppes ass ass daat Schlëmmst un dèr ganzer Saach : ‘t’Iwwerwaachungsgesellschaft hëllt ëmmer méi zou, wann all Mênsch mengt, e kiént saïn Nôper dénoncéiren, wann e fëmmt. Haaten mir daat nët schon virun 60-70 Joer, datt Leit aus onserer Gesellschaft ausgegrenzt goufen, well se sech nët esou beholl hun, wéi vun der Regierung oder vum Staat erwënscht ???

Oder sollten mir nët besser dem Amerikaner Henry David Thoreau nolauschteren, dén schons 1849 eng “désobéissance civile” prônéert huet???

 

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *